“Arabesch Fluchgesellschafte maache faire Marché onméiglech”

3 grouss Fluchgesellschaften aus der Golfregioun, zwou aus den Arabeschen Emiraten an eng aus dem Katar, suerge schonn zanter Jore fir Opreegung. Si ginn anescht wéi aner Fluchgesellschafte vum Staat matfinanzéiert, hir Flich gi méi bëlleg, si selwer gi méi grouss an huelen deenen anere Gesellschaften d’Aarbecht ewech, dat seet Europeans for fair Competition, eng europäesch Koalitioun fir ee faire Marché fir d’Aviatioun.  Elo ass och Lëtzebuerg där Koalitioun bäigetrueden.

Den Dirk Becker, Generalsekretär vun der ALPL, Association luxembourgeoise des pilotes de ligne, erkläert, datt dëst och op d’Käschte vum Standuert Lëtzebuerg géif goen.

Fir all Linn, op där europäesch Flich duerch Arabescher ersat ginn, géifen iwwer 600 Aarbechtsplazen op europäescher Säit verluer goen. Fir dat ze verhënneren, huet d’Europäesch Kommissioun 2015 Diskussiounen an eng nei Strategie ugekënnegt, d’Verhandlunge mat de Golfstaate lafen nach.

Published on RTL.